top of page

Wëlkomm bei

Letz Car Wash

Mir sinn de Fabio an de Sven, zwee jonk Entrepreneuren aus Lëtzebuerg mat engem groussen Dram a vill Elan. Eis Rees huet am Summer 2022 ugefaangen, wéi mir Lux VR States Sàrl-s, eis digital Agence, gegrënnt hunn. Mä mir hu séier gemierkt, datt mir méi wëllen: méi Komfort a Qualitéit fir eis Clienten.

Duerfir hu mir Lëtz Car Wash gegrënnt, e mobillen Autoswaschservice, deen direkt bei Iech doheem oder am Büro kënnt. Keng laang Waardeschlaange méi, kee Stress – mir kommen dohin, wou Dir eis braucht, a bidden exzellente Service a propper Autoen.

Eis Missioun

Mir wëllen d'Autoswäschen méi einfach, méi bequeem a qualitativ héichwäerteg maachen. Mat eisem mobille Service spuere mir eise Clienten Zäit an si kënne gläichzäiteg e stralend propperen Auto genéissen. Egal ob am hekteschen Alldag oder am entspaante Weekend – mir sinn do fir Iech.

Mir freeën eis drop, Iech an Är Autoe kennen ze léieren. Probéiert eise Service aus a iwwerzeegt Iech selwer vun der Qualitéit vu Letz Car Wash.

Wat mécht eis speziell?

  • Mobille Service :
    Mir komme bei Iech, egal ob doheem oder am Büro. Ären Auto gëtt bequeem op der Plaz
     propper gemaach

  • Handwäsch :
    Mir leeë Wäert op Detailer a pfleegen Ären Auto mat der Hand – fir e perfekte Glanz.

  • Client-orientéiert : Är Zefriddenheet steet fir eis un éischter Plaz. Mir lauschteren a passen eise Service un Är Besoinen un.

Wei geseit LCW an Zukunft aus?

Transparenzhalber wëlle mir Iech matdeelen, dass de Projet "Lëtz Car Wash" gestart gouf, fir Kapital an eiser Digitalagentur "Deev" ze sammelen an eis do weider ze entwéckelen.

Dank Iech, eise geschätzte "Lëtz Car Wash" Clienten, hu mir elo e Punkt erreecht, wou "Lëtz Car Wash" net méi am geplangten Ëmfang ëmsetzbar ass. Dofir hu mir schwéieren Häerzens entschloss, de Betrib ze verkafen. Sollt Dir un engem Kaf interesséiert sinn, da fëllt w.e.g. de Kontaktformulaire mam Objet "LCW kafen" op eiser Websäit aus oder kontaktéiert eis iwwer eis sozial Medien.

Villmools merci u jiddereen dee bis elo op eiser Rees an d'Selbststännegkeet dobäi war, mir hoffen dir verfollegt eis och nach bei Deev weider an ënnerstëtzt eis esou fläisseg wei hei.

bottom of page